NewsHomeopathesch Mëttel ginn a Frankräich net méi rembourséiert

D'Krankekeesen a Frankräich wäerten an Zukunft d'Käschte fir homeopathesch Mëttel net méi rembourséieren.

Leschten Update: 10.07.2019, 07:48:12

© Alain JOCARD / AFP

A Frankräich ginn homeopathesch Mëttel an Zukunft net méi vun de Krankekeese rembourséiert. D’Regierung zu Paräis begrënnt dat domat, dass der ieweschter Gesondheetsautoritéit no, homeopathesch Mëttel aus wëssenschaftlecher Siicht net genuch wierke géingen. Dofir wier ee Remboursement net justifiéiert. Vum nächste Joer un wäerten d'Krankekeese bei homeopathesche Mëttel net méi 30 mee just nach 15 Prozent rembourséieren. Vun 2020 un, gëtt et da guer kee Remboursement méi.