NewsZeienopruff no Accident mat Fahrerflucht zu Dikrech

Den Dënschdeg den Owend war e schwaarze BMW an en Audi A3 zu Dikrech gerannt. Duerno huet de responsabele Chauffer sech duerch d'Bascht gemaach.

Leschten Update: 10.07.2019, 10:03:12

Den Dënschdeg géint 18.50 Auer war en eelere schwaarze BMW-Kabrio um Parking an der "Rue Merten" zu Dikrech direkt géintiwwer der Lafpist an e bloen Audi A3 gerannt, deen do geparkt war. Duerch den Impakt op der Chaufferssäit ass den Audi eng 2 bis 3 Meter aus der Parkplaz geschleidert ginn. De BMW hat sech duerno duerch d'Bascht gemaach.

E Jugendlechen, deen op der anerer Stroossesäit op engem Busarrêt stoung hat d'Accident gesinn. Dëse Jong, d'selwecht wéi aner Zeien, déi eventuell den Accident gesinn hunn oder de schwaarze BMW, wéi deen a Richtung Dikrech-Zentrum geflücht ass, sollen sech bei der Police vun Dikrech ënnert dem Tel.: 244 80 1000 mellen.