NewsGréisser Stroumpann zu Esch behuewen

Zu Esch gouf et de Mëttwoch de Mëtteg eng gréisser Stroumpann, dat direkt an e puer Quartieren. Dem CGDIS no hat en Traffo gebrannt.

Leschten Update: 10.07.2019, 19:47:25

© Pixabay

Wéi Sudstroum op Nofro hi confirméiert huet, ass d'Stroumpann zu Esch mëttlerweil behuewe ginn.

Vun der Mëttesstonn un haten e Mëttwoch eng Partie Quartiere kee Stroum méi, betraff waren eng 1.300 Uschlëss. Esou huet d'Escher Gemeng et och op hirem Internetsite matgedeelt.

Wéi et vum CGDIS heescht, soll en Traffo gebrannt hunn. 2 Persoune si blesséiert ginn.