NewsEU-Bevëlkerung op iwwer 513 Millioune Mënsche geklommen

Lëtzebuerg ass dat Land no Malta an deem d'Bevëlkerung 2018 am séierste gewuess ass.

Leschten Update: 11.07.2019, 06:45:10

© Mike Chai / Pixabay

D'Bevëlkerung vun der EU ass fir den 1. Januar 2019 op 513,5 Millioune Mënsche geklommen. Deemno sinn der statistescher Administratioun vun der EU no géintiwwer 2018 1,1 Millioune Mënsche bäikomm.

Grond dofir ass Eurostat no d'Immigratioun. Esou si méi EU-Bierger gestuerwen, wéi der gebuer gi sinn.

Dee stäerkste Wuesstem gouf iwwerdeems a Malta registréiert, direkt duerno komme Lëtzebuerg an Irland. A Lettland, Bulgarien a Kroatien ass d'Bevëlkerungszuel am däitlechsten zeréckgaangen.