NewsMerkel hat op en Neits eng Zidder-Attack

Beim Empfang vum finnesche Ministerpresident huet déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel op en Neits staark ugefaangen um ganze Kierper ze zidderen.

Leschten Update: 10.07.2019, 19:46:47

© Tobias SCHWARZ / AFP

Beim Empfang vum finnesche Ministerpresident e Mëttwoch huet déi däitsch Bundeskanzlerin op en Neits staark geziddert. Wéi et vun engem Porte-Parole vun der Regierung heescht, géif et der Bundeskanzlerin awer gutt goen. Gesondheetlech Problemer géifen et keng ginn.



Bei enger Pressekonferenz kuerz drop sot och d'Angela Merkel, et géif hir gutt goen an et bräicht een sech keng Suergen ze maachen.

Et ass elo schonn deen drëtten Tëschefall vun dëser Zort.