NewsLëtzebuerg muss méi géint Logementsproblemer maachen

Der OECD no geet et de Bierger zu Lëtzebuerg gutt, ma et misst awer nach méi gemaach ginn, fir de Wunnengsmaart méi attraktiv ze maachen.

Leschten Update: 10.07.2019, 19:44:42

© Pixabay

A Punkto Wuesstem a Wuelstand huet Lëtzebuerg en héijen Niveau erreecht, ma de Grand-Duché muss awer méi maachen, fir dësen Niveau och ze halen.

Dat geet e Mëttwoch aus enger Etüd vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, kuerz OECD, ervir.



D'Organisatioun huet deemno e puer Recommandatioun fir Lëtzebuerg erausginn. Der Etüd vun der OECD no soll d'Reduzéiere vu finanzielle Risikoen eng Prioritéit ginn. Hei ass ënnert anerem d'Verscholdung vu private Stéit gemengt.

Donieft soll de Wunnengsmaart méi effizient a gerecht gestalt ginn an et muss och méi Wunnraum geschaaft ginn, esou d'OECD weider. Zuele vun 2016 weisen, datt d'Stéit zu Lëtzebuerg am europäesche Verglach am meeschte vum Revenu fir hiren Immobiliëprêt géifen ausginn.