NewsGewaltsam Ugrëff op Open Air Festival zu Housen

E Samschdeg de 6. Juli koum et um Festival zu Housen direkt e puer Mol zu kierperlechen Ausernanersetzungen. D'Police sicht elo no Zeien.

Leschten Update: 10.07.2019, 20:19:46

© Eldoradio

Um Open Air Festival zu Housen goufen de 6. Juli 4 Persounen zerklappt a blesséiert. Ugefaangen huet de Virfall mat enger verbaler Onstëmmegkeet géint 01.00 Auer um Festival selwer. Eng Koppel an en Onbekannte sinn hei unenee geroden. Der Police no war dës Ausernanersetzung awer eigentlech gekläert gewiescht. Géint 02.00 Auer gouf de Mann du vum nämmlechten Onbekannten an 3 anere Männer ugegraff.

Géint 02.15 Auer koum et zu engem weideren Iwwergrëff. Fra a Mann ware mat enger anerer Koppel ënnerwee bei hiren Auto, wéi deen nämmlechten Onbekannten an 10 weider Männer op den éischt genannte Mann ageschloen hunn. D'Kläpperei gouf duerch Policebeamten opgeléist, ma méi spéit koum et um Parking beim Fussballterrain op en Neits zu engem Ugrëff. Béid Koppele sinn hei vun e puer Männer geschloe ginn a goufen alle véier blesséiert.

An deem Kader sicht d'Police elo no Zeien. Wien eppes gesinn an nëtzlech Informatiounen huet, soll sech bei der Police vun Ëlwen ënnert der Nummer +352/24487/1000 mellen.