NewsEng Partie Verstéiss géint Antitubaksgesetz

Net ëmmer gëtt sech un d'Antitubaksgesetz gehalen. Dat geet aus enger parlamentarescher Äntwert vum zoustännege Minister Bausch ervir.

Leschten Update: 10.07.2019, 19:43:32

© Eldoradio Archiv

An de leschte Jore sinn eng 45 Protokoller an 13 Verwarnunge mat Geldstrof am Kader vum Antitubaksgesetz ausgestallt ginn. Dat äntwert de Minister fir bannescht Sécherheet François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo.

Entweder goufen d'Verstéiss wärend sporadesche Kontrolle vun der Police festgestallt oder well Plainten agereecht goufen. Eng genee Unzuel, wéi vill esou Kontrollen an de leschte Jore gemaach goufen, gëtt et net, esou de Minister weider. D'Statistike ginn deemno net gefouert.

Zënter dem 13. Juni 2017 gëllt dat neit Antitubaksgesetz zu Lëtzebuerg. Dëst verbitt ënnert anerem d'Fëmmen op Spillplazen an och am Auto, wann e Kand ënner 12 Joer mat dobäi ass.

LINK / Hei d'parlamentaresch Fro an d'Äntwert!