NewsOnwieder an Italien: Knëppelsteng sou grouss wéi Orangen

An Italien an a Griicheland waren déi lescht Stonne ganz uerg Onwieder. E puer Persoune sinn ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 11.07.2019, 06:47:52

© Youtube Screenshot

Hefteg Onwieder goufen et an de leschte Stonnen an Italien an a Griicheland. Wéi et vun der Noriichtenagence Ansa heescht, wieren am italienesche Pescara 18 Mënsche blesséiert ginn. Do wiere Knëppelsteng sou grouss wéi Orangen erofkomm. Zu Ancona ass dann ee Mënsch duerch ee Blëtzschlag ëm d'Liewe komm.

















Duerch Onwieder sinn a Griicheland dann op d'mannst 6 Mënschen ëm d'Liewe komm, dorënner Touristen aus Tschechien, Russland a Rumänien. Wéi et heescht, wieren ënnert den Doudesaffer zwee Kanner. Besonnesch betraff wier d'Regioun ëm Chalkidiki. D'Onwieder koum no enger Hëtztwell vun Temperaturen ëm déi 40 Grad.