NewsArrestatioun no Abroch

Op der Areler Strooss an der Stad hunn e puer Persoune versicht Baumaterial ze klauen.

Leschten Update: 11.07.2019, 08:32:52

© Eldoradio

Wéi d'Police schreift gouf een an der Nuecht op e Mëttwoch geruff, well an der Areler Strooss an der Stad e puer Persoune an d'Lager vun engem Baumaart agebrach sinn. Mat Hëllef vun enger Persounebeschreiwung an Donnéeë zum Fluchtauto huet een direkt no den Täter gesicht.

Kuerz nom Abroch konnt de verdächtege Won an der Rue des Primeurs gestoppt an de Chauffer immobiliséiert ginn. Ee weideren Täter hat sech an enger Heck verstoppt a konnt festgeholl ginn.

Wéi sech erausgestallt huet, hunn d'Täter ee Baucontainer opgebrach a wollten doraus e puer Baumaschinne klauen a mam Auto oftransportéieren. Dat konnt d'Police awer verhënneren.

Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Männer festgeholl an hiren Auto confisquéiert.