NewsEntschiedegung och bei Fluchverspéidung baussent der EU

Fluchpassagéier kréien och bei engem verspéiten Uschloss-Vol ausserhalb vun der EU eng Entschiedegung.

Leschten Update: 11.07.2019, 17:40:31

© eldo

Engem Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff no kréien Fluchpassagéier och bei engem verspéiten Uschloss-Vol ausserhalb vun der EU eng Entschiedegung. Dat ass och de Fall, wann den Uschloss-Vol net vun enger europäescher Airline ugebuede gëtt. Entscheedend wier, dass di ganz Fluchverbindung bei engem europäesche Provider gebucht gouf.

An dësem konkrete Fall haten 11 Passagéier bei der tschechescher Airline Ceske aeroline eng Rees vu Prag iwwer Abu Dhabi bis op Bangkok gebucht. Deen éischte Vol vu Prag op Abu Dhabi war nach mat der tschechescher Airline duerchgeféiert ginn: dee Vol koum pünktlech an de Vereenegten Arabeschen Emirater un. Deen 2. Vol, fir deen di arabesch Etihad Airways responsabel war, koum mat 488 Minutte Verspéidung an Thailand un.  Well d’Passagéier eng Verspéidung vu méi wéi 3 Stonnen haten, hunn si Recht op eng Entschiedegung. Wichteg war, dass si di ganz Rees bei engem tschechesche Provider gebucht haten. Deemno muss di tschechesch Airline den Touristen Schuedenersatz bezuelem, och wann si net fir d’Verspéidung responsabel war.