News2018/2019 sinn 180 ëffentlech Petitiounen era komm

Wéi di zoustänneg Kommissioun matdeelt, si wärend der leschter Chamber-Sessioun 180 ëffentlech Petitiounen era komm.

Leschten Update: 11.07.2019, 16:40:12

© Chambre des députés

Wärend der Chamber-Sessioun 2018/2019 sinn 180 ëffentlech Petitiounen era komm. 130 hunn goufen als recevabel erkläert. Dat geet aus dem Bilan ervir, deen d’Petitiouns-Kommissioun en Donneschdeg virun der Press presentéiert huet. De Chamberpresident Fernand Etgen an d'Presidentin vun der Kommissioun Nancy Arendt schwätze vun engem excellente Modell vun der Biergerbedeelegung.

Haapttheme vun de Petitiounen sinn ënner anerem d‘Mobilitéit, d‘Aarbechtskonditiounen, an d’Ëmwelt.

Wärend der leschter Chamber-Sessioun goufe 4 ëffentlech Debaten ofgehalen. Deen nächsten Debat ass am Hierscht geplangt.  Et geet ënner anerem ëm eng Petitioun déi eng Steierreduktioun fir Célibatairen fuerdert.