NewsCePT: Haaptufroen dréien ëm exzessiven Alkoholkonsum

De Centre de Prévention des Toxicomanies ass zejoert 207 mol kontaktéiert ginn, gréisstendeels wéinst exzessivem Alkoholkonsum.

Leschten Update: 11.07.2019, 16:38:24

© Noam Galai / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

De Centre de Prévention des Toxicomanies (CePT) huet an engem Communiqué de Bilan vum Joer 2018 presentéiert. Zejoert ass de Centre deemno 207 mol kontaktéiert gi vu Leit déi Informatioune a Broschüren gefrot hunn.

D’Ufroe koumen souwuel vun de Familljememberen wéi vun de Betraffene selwer.

Haapt-Ufro hat mat engem exzessivem Alkoholkonsum ze dinn, virum Cannabis-Konsum op zweeter Plaz.