NewsGeriicht veruerteelt Mann wéinst neiem Sex-Gesetz

A Schweden huet dat iewescht Geriicht eng éischte Kéier een Uerteel op Basis vum ëmstriddenen Gesetz iwwert d'Zoustëmmung beim Sex geschwat.

Leschten Update: 11.07.2019, 16:37:09

© JONATHAN NACKSTRAND / AFP

A Schweden huet dat iewescht Geriicht eng éischte Kéier een Uerteel op Basis vum ëmstriddene Gesetz ronderëm d’Zoustëmmung beim Sex geschwat. An deem Kader gouf ee Mann zu 2 Joer Prisong veruerteelt. 

D’Geriicht koum zur Konklusioun, dass eng Persoun déi géint hire Wëllen zu sexuellen Handlunge bruecht gëtt, net ausdrécklech „Nee“ muss soen. Dat neit Gesetz gesäit vir, dass béid Partner ausdrécklech mam Geschlechtsverkéier mussen averstane sinn. Alles anescht gëtt als Vergewaltegung  ugesinn, och wann de Partner sech net kierperlech wiert.