NewsMerkel lauschtert Nationalhymne am Sëtzen

Beim Empfang vun der dänescher Premierministesch Mette Frederiksen hunn d'Angela Merkel an hiren Invité d'Nationalhymnen am Sëtze gelauschtert.

Leschten Update: 11.07.2019, 17:42:15

© AFP/Tobias SCHWARZ

No der drëtter Zidderattack an 3 Wochen an ëmmer méi grouss Suergen ëm hiren Gesondheetszoustand huet déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel elo Konsequenze gezunn. Bei der Receptioun vun der neier dänescher Premierministesch Mette Frederiksen virum Kanzleramt hu béid Politikerinnen d’Nationalhymnen am Sëtze gelauschtert.

Déi zwee Still stoungen op engem klénge roude Podest, vun deem aus d’Bundeskanzlerin an hire respektiven Invité d’Nationalhymne normalerweis am Stoe lauschteren.