NewsVirus infizéiert WhatsApp: 25 Millioune Geräter si betraff

Ouni dass d'User eppes mierken, attackéiert eng schiedlech Software de Moment Millioune vun Android-Geräter.

Leschten Update: 11.07.2019, 16:36:28

© YASUYOSHI CHIBA / AFP

IT-Sécherheetsexperten hunn een neien Android-Virus entdeckt. Deen attackéiert beléiften Apps wéi WhatsApp an ersetzt déi duerch eng schiedlech Software. Mëttlerweil wiere 25 Milliounen Geräter betraff, virun allem a Länner wéi Indien, Pakistan a Bangladesh.

Och wann d’User an Europa bis ewell sécher sinn, ass et den Appell, Smartphone-Apps just aus zouverlässegen Quellen wéi dem Google-Play-Store erofzelueden.