NewsStaarkt Onwieder iwwer Tréier

Kelleren ënner Waasser, Stroosseluuchten déi net funktionéieren a Beem op der Strooss: Zu Tréier an och an der Ëmgéigend gouf et ee schwéier Onwieder.

Leschten Update: 12.07.2019, 06:01:20

© VALERY HACHE / AFP

Ee staarkt Onwieder mat vill Reen a Knëppelsteng gouf et e Donneschdeg am Nomëtten zu Tréier an och an der Ëmgéigend. Wéi däitsch Pompjeeë mellen, stounge vill Kelleren ënner Waasser an och goufe vill Stroossen iwwerschwemmt. Beem sinn op d’Strooss oder deelweis op Autoe gefall a Kanaldeckelen sinn erausgesprongen. Deelweis si Stroosseluuchten ausgefall a Parkhaiser hu missen zougemaach ginn. Blesséiert gouf awer keen.