News37 Blesséierter no Turbulenzen bei Pazifik-Vol

Bei engem Vol vu Vancouver op Sydney koum et zu staarken Turbulenzen. Dosende Passagéier goufen dobäi blesséiert.

Leschten Update: 12.07.2019, 14:51:40

© JUSTIN SULLIVAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Bei Turbulenzen wärend engem Vol vu Kanada an Australien sinn 37 Mënschen blesséiert ginn. Dat deelt d’Fluchgesellschaft Air Canada mat.

D’Boeing 777 ass wéinst dem Virfall anescht wéi geplangt op Hawaii tëschegelant. Do goufen déi blesséiert Passagéier medezinesch versuergt. Aenzeien no waren si wärend den Turbulenzen net ugestréckt. Si hate sech de Kapp um Plafong gestouss.