NewsDäitschland: Kritesche Bilan iwwert E-Scooteren

Zënter engem Mount sinn E-Scooter op däitsche Stroossen zougelooss. Zanterhier gouf et vill Accidenter.  

Leschten Update: 12.07.2019, 14:52:50

© Tobias SCHWARZ / AFP

Verkéiersverbänn an Däitschland hunn ee Mount no der Zouloossung vun den E-Scooteren ee kritesche Bilan gezunn. Aussoe vum däitsche Verkéierssécherheetsrot no wieren aus Berlin an anere Stied schwéier Accidenter gemellt ginn.

Wann an Zukunft weiderhin sou vill Mënschen mat Kappverletzungen an d’Spidol ageliwwert géife ginn, misst een iwwert eng Helmflicht nodenken. Den ADAC kritiséiert och déi vill Faarten ënner Alkohol-Afloss. Doru kéint een erkennen dass nach vill Opklärung néideg wier.