NewsPolice sicht no Proprietäre vu geklauten Objeten

Bei Ermëttlungen am Kader vun Abréch a Gemeinschaftsgaragen an a Kelleren huet d'Police eng Rëtsch Objete konnte sécherstellen, déi do geklaut gi waren.

Leschten Update: 12.07.2019, 16:11:17

© Police

Verschidden Objete konnten iwwerdeems nach net zougeuerdent ginn, dorënner 4 Seat-Felgen a 4 Audi-Felgen, all Kéier mat Pneuen. Dobäi kommen nach 7 professionell Geräter fir Diagnose vu Problemer um Auto vun der Mark MyCanic.

Persounen, déi Hiweiser zur Hierkonft vun de Géigestänn maache kënne sollen sech bei der Police Judiciaire ënnert dem Tel.: 244601101 mellen.