NewsEenegung a Saache Schaffzäite bei der Arméi

De Freideg de Muere konnten sech d'Gewerkschaften an de Verdeedegungsminister a Saache Rekrutement, Schaff- an Aarbechtszäite bei der Arméi eenegen.

Leschten Update: 12.07.2019, 18:06:27

© ludovic MARIN / AFP

D'Arméisgewerkschaften, d'Staatsbeamtegewerkschaft an de Verdeedegungsminister François Bausch hunn de Freideg de Mueren en Accord a Saache Schaff- a Rouzäite bei der Arméi fonnt. Domat soll de Beruff vum Zaldot méi attraktiv ginn.

Nieft enger Begrenzung vun den Iwwerstonnen an de Schaffzäite gouf och en Accord beim Rekrutement fonnt.

Esou sollen dësem Accord no ënner anerem bis 2023 180 zousätzlech militäresch an zivil Poste geschaaft ginn.

Links