NewsGriezmann-Wiessel op Barcelona ass fix

Nom Transfertpoker ronderëm de franséische Superstar ass et de Freideg séier gaangen. E Wiessel fir 120 Milliounen ass elo an dréchenen Dicher.

Leschten Update: 12.07.2019, 16:50:08

© PIERRE-PHILIPPE MARCOU / AFP

De franséische Fussballweltmeeschter Antoine Griezmann wiesselt vun Atlético Madrid bei den FC Barcelona, dat fir 120 Milliounen Euro. Dëst huet säin ale Club matgedeelt nodeems d'Zomm bezuelt gouf.

De Kontrakt mam 28 Joer alen Offensivspiller geet bis den 30. Juni 2024. Doran enthalen ass och eng Ausstiegsklausel vun 800 Milliounen Euro.