NewsHéchsten EU-Walbedeelegung zanter 1994

D'Walbedeelegung bei Europawale war scho laang net méi esou héich, bei de Jugendlechen ass se esouguer zanter 2014 ëm 50% geklommen.

Leschten Update: 12.07.2019, 17:25:37

© Odd ANDERSEN / AFP

68% vun den EU-Bierger sinn der Meenung, dass hiert Land vun der EU-Memberschaft profitéiert. Dat geet aus den éischte Resultater vun der Eurobarometer-Ëmfro no den Europawalen ervir. Dobäi si 56% vun de Bierger der Meenung, dass hir Stëmm och zielt, dat ass deen héchste Stand zanter 2002.

Iwwerdeems war et och déi héchste Walbedeelegung zanter 1994. Eng 50,6% vun de Walberechtegte si wiele gaangen.





Och d'Walbedeelegung vun de Jugendlechen ass däitlech par Rapport zu de leschte Wale geklommen, an zwar ëm ganzer 50%.