NewsDen Atelier reagéiert op d'Parkingspräisser fir Rammstein

De Konsumenteschutz ULC hat an engem Schreiwes deen "deiere Rammstein-Concert" kritiséiert. Den Atelier huet reagéiert.

Leschten Update: 17.07.2019, 13:36:56

© Christophe Gateau / DPA / AFP

De Konsumenteschutz ULC huet di deier Parkingspräisser wärend dem Rammstein-Concert dëse Samschdeg zu Réiser kritiséiert. Nieft dem héijen Tickets-Präis vun 100 Euro missten d’Fans deemno nach mol 20 Euro bezuelen, wann si wéilte mam Auto kommen.

Wéi de Michel Welter vum Atelier Eldoradio géintiwwer sot, wieren d’Ticketspräisser fir de Concert praktesch exklusiv vun der Band selwer fixéiert ginn. Wat de Parkingspräis ugeet, géing dee just d’Käschten decken, den Atelier géing doraus kee Profit schloen.

Ausserdeem géing och ee Shuttle-Bus fueren, vum P&R-Bouillon op de Site vum Concert, dat fir 5€. Et kéint een och mam Vëlo oder zu Fouss kommen, et géif souguer eng Méiglechkeet ginn, fir de Vëlo gratis beim Site festzemaachen.

De Michel Welter sot och, dass d'Präisser fir de Concert zu Lëtzebuerg am Verglach mam Ausland nach niddreg sinn.

Lauschtert hei d'Reaktioun vum Michel Welter (Atelier)



Schreiwes vum Konsumenteschutz:

Teures Rammsteinkonzert !

Das Rammsteinkonzert, organisiert vom „Atelier“, auf dem Herchesfeld am kommenden Samstag 20.07.2019 war innerhalb weniger Stunden ausgebucht.

Neben dem offiziellen Eintrittsticket von 100€ im Vorverkauf kommen zumindest noch bis zu 20 € Parkgebühren pro Automobil hinzu, will man einen sogenannten on Site Parkplatz mit Shuttle Dienst zum Konzert in Roeser benutzen.

Neben diesen hohen Eintrittskarten, kommen also mindestens noch diese drastischen Parking Gebühren hinzu. Hierbei handelt es sich nach Meinung der ULC wiederum um einen Fall von Abzocke, wo dieses Mal massiv von den jugendlichen Musikliebhabern profitiert wird.