NewsDe Xavier Bettel boykottéiert israelesch Feier

Den israeleschen Educatiounsminister gleeft u Konversiounstherapie fir Homosexueller. De Xavier Bettel reagéiert mat engem Boykott.

Leschten Update: 17.07.2019, 14:02:55

© FRED DUFOUR / POOL / AFP

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet dëse Méindeg eng Feier fan der israelescher Ambassade boykottéiert. Hien huet domat géint d’Aussoen vum israeleschen Educatiounsminister protestéiert. Deen hat sech fir eng Konversiounstherapie fir Homosexueller ausgeschwat, wou et drëm geet Homosexueller vun hirer sexueller Orientéierung ze heelen.  

Eng Positioun déi den israelesche Premier Benjamin Netanyahu awer net deelt. Deen huet d’Aussoen veruerteelt, a betount, dass déi Aussoen net d’Positioun vun der Regierung representéieren.

Den israelesche Justizminister Amir Ohana huet dem Xavier Bettel säi Boykott awer kritiséiert. Hie freet sech, firwat de Bettel den iraneschen Ausseminister Mohammed Dschawad Sarif getraff huet, obwuel deen Exekutioune vun Homosexuellen am Iran verdeedegt.