NewsPersoun bei Kläpperei um Biergerkräiz uerg blesséiert

No enger Kläpperei tëscht direkt e puer Persounen um Biergerkräiz de Sonndeg de Muere fréi sicht d'Police no Zeien.

Leschten Update: 17.07.2019, 18:13:05

© Eldo

De Sonndeg de Muere géint 4.40 Auer koum et um Biergerkräiz an engem Club zu enger Kläpperei tëscht e puer Persounen. Dobäi gouf eng Persoun esou schwéier blesséiert, dass si an d'Clinique huet misste bruecht ginn.

Fir déi genee Ëmstänn ze kläre sicht d'Police no Zeien. All Hiweiser si fir d'Police vu Capellen/Stengefort ënnert dem Tel.: (+352) 244 30 1000.