News95 Verspéidunge während Radar-Upgrade um Findel

Annulatioune gouf et duerch den Upgrade vun der Radar-Anlag keng an och d'Verspéidungen hu sech vun der Zäit hir a Grenze gehalen.

Leschten Update: 07.08.2019, 11:16:14

© Eldo

Wéinst dem Upgrade vun der Radarsanlag um Findel huet keen eenzege Fluch missten annuléiert ginn. Dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement.

Wéi et weider heescht, hätten zwar verschidde Flich während der Transitiounsphas vum 9. bis den 10. Juni Verspéidung gehat.

Bei 2 Flich hätt déi bei iwwer enger Stonn Retard geleeën. Am ganzen hate 95 Flich Verspéidung bannent deenen 2 Deeg, 60 dovu louchen ënner 15 Minutten.

Links