NewsLëtzebuergerin zu Tréier no Casino-Besuch iwwerfall

Déi 38 Joer al Fra aus Lëtzebuerg hat eng gréisser Zomm gewonnen. Iwwer hire Gewënn konnt si sech awer net laang freeën.

Leschten Update: 18.07.2019, 16:48:53

© dpa AFP Archiv Hauke-Christian Dittrich

Wéi et vun der Police vun Tréier heescht gouf de Méindeg den Owend eng 38 Joer al Fra aus Lëtzebuerg iwwerfall, nodeems si zu Tréier an engem Casino eng méi héich Zomm gewonnen hat.

Wéi si du géint 0.45 Auer de Casino verlooss huet a bei hiren Auto wollt goen, gouf d'Fra vun 2 Männer verfollegt, déi si mat engem Messer menacéiert hunn an se op englesch mat tierkeschem Accent opgefuerdert hunn hinnen d'Suen ze ginn.

Ee vun de Männer huet dunn an hir Posch gegraff an d'Boergeld erausgeholl, deen aneren huet sech der Fra hire relativ neien Handy ënnert den Nol gerappt.

D'Fra gouf net blesséiert, huet awer eréischt den Dënschdeg d'Police iwwer den Iwwerfall informéiert. Béid Männer waren ëm déi 30 Joer al, vu südosteuropäeschem Typ an hunn englesch mat méiglecherweis tierkeschem Accent geschwat.

Den arméierten Täter hat e Klappmesser bei sech, war mëttelgrouss, opfälleg dënn an hat e vollen donkele Baart. Hien hat eng donkel Jackett an e wäissen T-Shirt un.

Den zweeten Täter war e bësse méi grouss an hat eng Kaputzejackett un. All Informatioune si fir d'Police vun Tréier ënnert dem Tel.: 0651 / 9779-2290 oder 2251.

Links