NewsKeng mat Waasserstoff bedriwwen Zich fir d'CFL

Zich, déi mat Waasserstoff ugedriwwe ginn, sinn (nach) näischt fir Lëtzebuerg seet de Minister François Bausch.

Leschten Update: 18.07.2019, 18:25:54

© Eldo

Zich, déi op Waasserstoffbasis ugedriwwe ginn, si fir de Moment keng Alternativ fir d'CFL, dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo.

Deemno géifen d'Passagéierzich zanter 2007 mat Elektrolokomotive bedriwwe ginn, deenen hir Energie zu 100% aus erneierbaren Energiequelle staamt. D'Cargozich géifen iwwerdeems och mat Elektroenergie ugedriwwe ginn.

Nëmmen déi Transporter mat enger kuerzer Distanz an d'Manöveren op de Sitte géifen nach mat Diesellokomotive vun CFL Cargo gemaach ginn.

Et géif een d'Entwécklung a Saache Lokomotiven awer ganz genee verfollegen. Ma de Moment géifen et nach keng ausgeräifte Waasserstofflokomotive ginn, déi déi aktuell Diesellokomotive kéint ersetzen.