News2 Schwéierblesséierter bei Rallye Festival an der Äifel

2 Schwéierblesséierter goufen et en Donneschdeg beim Rallye Festival an der Äifel. Ee Rennwon ass an e Grupp Spectateure gerannt.

Leschten Update: 19.07.2019, 06:04:21

© dpa AFP Archiv Hauke-Christian Dittrich

Beim Eifel Rallye Festival zu Darscheid bei Prüm gouf et en Donneschdeg am Nomëtten ee schwéiert Accident. Een Oldtimer-Rennwon ass vun de Strooss ofkomm an dunn an e Grupp vu Spectateure gerannt. E puer Persoune goufe blesséiert, zwou dovunner méi schwéier. Si hu missen operéiert ginn. Liewensgefor géif awer keng bestoen.