News739 Asätz 2018 wéinst Gewalt am Stot

D'Police huet 2018 missen 739 mol an den Asaz wéinst haislecher Gewalt.

Leschten Update: 19.07.2019, 06:04:51

© Pixabay

739 mol huet d’Police d’lescht Joer missen am Zesummenhang mat haislecher Gewalt agräifen. Dat waren an der Moyenne zwee Asätz den Dag. Do dernieft koum et zu 321 Expulsiounen, dat sinn der méi wéi soss. Dës Zuelen huet d’Ministesch fir Gläichstellung vu Fraen a Männer Taina Bofferding en Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun genannt. Wéi et heescht, soll den Detail vun den Zuelen iwwer Gewalt am Stot am Hierscht presentéiert ginn.