NewsVon der Leyen: nei europäesch Reegele beim Thema Asyl

Déi zukünfteg EU-Kommissiouscheffin huet sech fir nei europäesch Reegelen am Ëmgang mat Asyldemandeuren ausgeschwat.

Leschten Update: 19.07.2019, 08:10:07

© FREDERICK FLORIN / AFP

Déi nei gewielten EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen wëll de sou genannten Dublin-System an der EU änneren. De System gesäit vir, dass Flüchtlingen an deem Land Asyl ufroe mussen, wou si fir d’éischt an der EU ukommen. Si hätt ni verstane firwat ee Migrant do bleiwe misst, wou e fir d’éischt ukomm ass. Et bréicht een ee fairt Ëmverdeele vun de Flüchtlingen, esou d’von der Leyen géintiwwer däitsche Medien.