NewsInstagram léisst Likes verschwannen

An e puer Länner kënnen Notzer net méi gesinn wéi vill Likes d'Fotoe vun Aneren hunn. Dat soll den Drock vun den Notzer huelen.

Leschten Update: 19.07.2019, 21:01:18

© Manan VATSYAYANA / AFP

Instagram wëll dat sech d’Notzer manner stressen. An e puer Länner kann ee virleefeg net méi gesinn, wéi vill Likes d’Fotoe vun Aneren hunn. Och d'Zuel vun de Video-Opriff gëtt net méi ugewisen. Dem sozialen Netzwierk no sollen d'Leit sech nees méi op d'Biller an d'Videoe selwer konzentréieren, an net wéi vill Likes oder Opriff se kruten.

D'Zil vun der Aktioun ass et, den Drock op d'Notzer ze reduzéieren. Jonker géifen dacks hir Fotoen a Videoe läschen, wann se ze wéineg Interaktioune kruten. Dëst Competitiounsdenke wéilt een ënnerbannen. Domat reagéiert d'Plattform op Etüden, déi beleeën, dass jonk Instagram-Notzer wéinst dësem Drock ënner Angschtzoustänn, Depressiounen a Mobbing leiden.

Op Twitter an Instagram kritt dës Aktioun ganz vill Zousproch. Et gëtt awer och Kritik. Agencen déi op Influencer-Marketing spezialiséiert sinn, kritiséieren dës Aktioun, well d'Berechnung vu Bäiträg méi schwiereg ass. Dës baséiert meeschtens op d'Unzuel vun de Likes an Interaktiounen.

D’Testphase leeft a 7 Länner, dorënner Italien, Japan an Australien.