NewsFeier an engem Appartement zu Esch

E Samschdeg Owend koum et zu Esch-Uelzecht zu engem Feier an engem Appartement. Et gouf kee blesséiert.

Leschten Update: 21.07.2019, 11:01:42

© Eldoradio

Wéi de CGDIS matdeelt, koum et e Samschdeg Owend kuerz virun 20 Auer an der Rue du Rock'n'Roll zuEsch-Uelzecht zu engem Feier an engem Appartement. D'Pompjeeë waren op der Plaz, et gouf kee blesséiert.

Géint 17.30 Auer huet et um Schlammestee op engem Feld gebrannt. Och hei gouf kee blesséiert. 

Kuerz drop koum et zu Bieles zu engem Autosaccident. Zwou Persoune goufe blesséiert.

E Sonndeg Moien huet et zu Kappelen an engem Kamäin gebrannt. Et gouf kee blesséiert.

Weider mellt de CGDIS en Accident tëscht zwee Autoen zu Stroossen, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. 

An op der N15 zu Pommerlach gouf et och en Autosaccident, hei ouni Blesséierten.