News5 Abréch an der Nuecht op e Sonndeg, Iwwerfall an der Stad

An der Nuecht mellt d'Police 5 Abréch an ee Abrochversuch. Weider mellt d'Police een alkoholiséierte Mann, deen zu Péiteng randaliséiert huet.

Leschten Update: 21.07.2019, 11:25:38

© Eldoradio

Wéi d'Police matdeelt, goufen et e Samschdeg an e Sonndeg eng ganz Rei Abréch:
  • E Samschdeg den Owend zu Stengefort an der rue de Schwartenhof.
  • Am Laf vun der Woch zu Walfer an der rue de Helmsange.
  • E Sonndeg de Moien um Cents an der rue de Margue. Hei huet den Täter e Lach an d'Dier gebuert. Wéi hien am Haus war, ass den Alarm ugaangen.
  • E Samschdeg Nomëtteg zu Dippech an der rue René Geysen.
  • E Samschdeg Nomëtteg zu Esch-Uelzecht um Boulevard Prince Henri. 
Weider mellt d'Police en alkoholiséierte Mann, deen am fréie Sonndeg Moien zu Péiteng randaléiert huet. Mat engem Verkéiersschëld huet hien zwee Autoen beschiedegt. Duerno huet hien eng Telefonskabinn beschiedegt an d'Dier vun enger Residenz. 

An der Stad koum et an der Avenue Marie Therese zu engem Abroch an en Auto. Géint 11 Auer huet en Zeien der Police en Auto gemellt, bei deem eng Fënster ageschloe war. D'Police geet dovunner aus, datt den Täter e Stroosseschëld dofir benotzt huet. 

E Samschdeg koum et  an der rue de Strasbourg an der Stad zu engem Iwwerfall, bei deem en Täter enger Fra hir Posch wollt klauen. Wéi si d'Affer d'Posch festgehalen huet, huet den Täter hier mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen. Hie konnt kuerz drop identifizéiert ginn a koum viru Geriicht.