NewsBëschbränn a Portugal , 20 Blesséierter

200 Kilometer vu Lissabon ewech koum et an der Regioun vu Castelo Branco zu Bëschbränn.

Leschten Update: 22.07.2019, 05:47:18

© PATRICIA DE MELO MOREIRA / AFP

A Portugal mussen d’Pompjeeë géint groussflächeg Bränn kämpfen. Des si schwéier anzedämmen, esou e Spriecher vum Zivilschutz. Bis ewell konnt de Brand zu 60 Prozent agedämmt ginn. Bis zu 1.800 Persoune vun de Rettungsdéngschter sinn den Ament am Asaz. Kleng Uertschaften an der Ëmgéigend goufen an der Nuecht op e Sonnden evakuéiert.

Bis ewell koum keng Persoun em d'Liewen. 20 Persoune goufe blesséiert, dovun 12 Pompjeeën an 8 Zivilisten.

2017 koum et an der Regioun zu Bëschbränn bei deenen iwwer 100 Persounen hir d'Liewe verluer hunn.