NewsGesichte Mäerder wéinst Handy um Steier festgeholl

De Mann ass am Allgäu vun der Police kontrolléiert ginn a sëtzt elo am Prisong.

Leschten Update: 21.07.2019, 18:36:05

© Pexels

A Süddäitschland ass der Police en international gesichte Mäerder an d’Netz gaange – dat well en iwwert dem Fueren säin Handy benotzt huet. Den 28-järege Mann gouf vun der Police kontrolléiert nodeems se dëse beim onerlaabte „Multitasken“ erwëscht hunn. Dobäi huet sech dann erausgestallt dass de Mann wéinst Mord gesicht gëtt an eng liewenslaang Prisongsstrof ofsetze muss.