NewsPoliceasaz op der Stater Gare, e Schoss war gefall

Een Asaz vun der Police gouf et dëse Freideg Mueren op der Stater Gare. Ee Mann hat mat enger Waff an d‘Luucht geschoss.

Leschten Update: 09.08.2019, 17:09:48

© Eldoradio

Kuerz virun 04h00 dëse Freideg krut d’Police gemellt, dass eng Persoun am Garer Quartier mat enger Waff an d‘Luucht geschoss hätt.

Kuerz drop konnt dee Verdächtegen festgeholl ginn. Am Laf vun den Ermëttlungen hunn d’Beamten eng Waff confisquéiert. Blesséiert gouf keen. Eng weider Gefor konnt séier ausgeschloss ginn.

Wéinst der Enquête hunn e puer Stroosse ronderëm d’Gare misse ganz gespaart ginn. Wéi d'Police e Freidegowend nach matgedeelt huet, koum de Mann nach e Freideg virun den Untersuchungsriichter.