1 Dag nom Tornado"80 bis 100 Haiser sinn net méi bewunnbar"

Am Kader vun enger Pressekonferenz gouf de Bilan gezunn an de Plang fir déi nächst Deeg presentéiert.

Leschten Update: 10.08.2019, 15:52:13

© Eldoradio

Op enger Pressekonferenz e Samschdeg de Mueren huet de Minister Dan Kersch, deen d'Inneministesch Taina Bofferding ersat huet, en éischte Bilan vum Schued gemaach, deen den Tornado e Freideg den Owend am Süde vum Land verursaacht huet.

Hei kënnt dir déi ganz Pressekonferenz lauschteren:



Am Ganze goufen 19 Persoune blesséiert, zwou dovunner méi uerg. Eng Persoun huet sech sou opgereegt, datt se een Häerzinfarkt gemaach huet an an engem kriteschen Zoustand ass. Ronn 80 bis 100 Haiser an de Gemenge Käerjeng a Péiteng ginn de Moment als net bewunnbar ugesinn. E méi geneeë Chiffer kann een de Moment nach net nennen. Am Ganzen hunn eng 60 Leit misse relogéiert ginn. Si sinn an Hoteller oder bei Frënn ënnerkomm.

Et ass een am Moment domat beschäftegt alleguerten d'Haiser an de Stroossen, déi vum Tornado getraff goufen, ze ënnersichen, och déi Haiser, déi net beschiedegt sinn. Dat och mat Hëllef vun Dronen. D'Sécherheet géif hei virgoen, esou de Minister Dan Kersch.

D'Hëllef fir déi betraffe Leit war grouss. Nieft deenen 200 Pompjeeën a 40 Polizisten, déi am Asaz waren, kruten déi betraffe Leit och vun hire Noperen a vu Mënsche vun anere Plazen aus dem Land gehollef. Och eng Partie privat Handwierksbetriber hunn hir Hëllef zougesot. Och d'Arméi ass mat enge 50 Leit op der Plaz a wäert e puer Deeg bleiwen, fir ze hëllefen.

E besonnesche Problem ass dee vun den Héichspannungsleitungen. 4 Stroummaste sinn ëmgeknéckst an d'Héichspannungsleitunge sinn op Diech vun den Haiser an och op den Daach vum Drinkshop vum Cactus zu Käerjeng gefall. Dowéinst sinn eng Partie Stroossen gespaart an d'Commercen an der Géigend sinn zou. Et wäert nach eng Zäit dauere bis dat gefléckt ass.

De Premierminister Xavier Bettel huet e "plan d'intemperie" ausgeruff, dee vun der Inneministesch Taina Bofferding geleet gëtt. Bis si op der Plaz ass iwwerhëlt de Sportminister Dan Kersch d'Leedung. De Xavier Bettel an d'Taina Bofferding ënnerbriechen hir jeeweileg Vakanz a sinn e Samschdeg de Mëtten op der Plaz, fir sech ee Bild ze maachen.

E Samschdeg den Owend kënnt d'Regierung dann zesumme fir éischt Hëllefsmesuren ze decidéieren.

© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio




© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio


© Eldoradio