News22 Doudeger no Äerdrutsch am Myanmar

No heftegem Reen sinn am Oste vum Myanmar 16 Haiser an e Klouschter zesummegefall. Nieft den 22 Doudeger ginn et 47 Blesséierter.

Leschten Update: 10.08.2019, 15:47:19

© YE AUNG THU / AFP

Am Myanmar sinn 22 Leit bei engem Äerdrutsch ëm d'Liewe komm. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP. Wéinst heftegem Reen ass de Buedem am Oste vum Land de Freiden den Owend gerutscht. 16 Haiser an e Klouschter sinn zesummegefall. D'Rettungsdéngschter hunn d'Nuecht iwwer no Blesséierte gesicht. De lokalen Autoritéiten no goufe bis elo 47 Blesséierter fonnt. Et geet een dovun aus, dass nach eng ronn 100 Leit vermësst ginn.