NewsTornado zu Lëtzebuerg och am Ausland een Thema 

Den Tornado, deen e Freiden de Süde vum Land getraff huet, war och en Thema an der auslännescher Press.

Leschten Update: 10.08.2019, 16:50:10

© Screenshot Tagesschau.de

Den Tornado, deen e Freideg den Owend zu Käerjeng an zu Péiteng fir héije Schued gesuergt huet, war um Samschden och en Thema an der internationaler Press.

An Däitschland hunn ënnert anerem d'Internetsäit vun der "Tagesschau" an dem "Deutschlandfunk" ewéi och den "Trierischer Volksfreund" iwwert den Tornado bericht.

© Screenshot Tagesschau.de


© Screenshot dlf.de


© Screenshot volksfreund.de

An Éisträich hun d'"Vorarlberger Nachrichten" e Bäitrag op hirer Internetsäit verëffentlecht. 

© Screenshot VN.at


An der Belsch schwätzt "RTLINFO" vun engem "Tornado aus der Hell".

© Screenshot rtl.be


Souguer an den USA gouf iwwert den Tornado geschriwwen. "CNN" huet en Artikel op hirer Internetsäit publizéiert.

© Screenshot CNN.com