NewsUS-Milliardär Epstein dout opfonnt

De Jeffrey Epstein, deen zanter ufanks Juli am Prisong souz, ass dout a senger Prisongszell opfonnt ginn. 

Leschten Update: 12.08.2019, 06:08:10

© STEPHANIE KEITH / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Nom Dout vum US-Milliardär Jeffrey Epstein a senger Zell zu Manhattan, mellt d’New York Times dass d’Personal am Prisong wuel noléisseg gehandelt hätt. Anescht wéi virgeschriwwen hätt d‘Personal net all hallef Stonn nom Epstein gekuckt. Ausserdeem wier hien eleng a senger Zell gewiescht. Virgesi war awer ee weidere Prisonéier a senger Zell. Den Epstein war wéinst sexuellem Mëssbrauch ugeklot.