NewsExplosioun viru Policebüro zu Kopenhagen

An der dänescher Haaptstad ass et bannent enger Woch zu zwou Explosioune komm.  

Leschten Update: 12.08.2019, 06:08:14

© PHILIP DAVALI / RITZAU SCANPIX / AFP

Zu Kopenhagen, an Dänemark, ass et bannent e puer Deeg zu zwou Explosioune komm. Déi Kéier ass d’Bomm virun engem Policegebai an d’Luucht gaangen. Verletzt soll kee gi sinn. An der Woch ass et schonns zu enger Explosioun komm net weit vun engem Regierungsgebai ewech. Hei gouf eng Persoun liicht blesséiert. Wei d’Police géigeniwwer de Medie matgedeelt huet, sollen et sech hei em gezielten Ugrëff handelen. Indizien op en Terror-Ugrëff géingen awer keng virleeën.