News28 Doudeger no Taifun a China

Bei engem Taifun a China sinn 28 Mënschen ëm d'Liewe komm. 20 weider Persoune ginn nach vermësst, esou d'Autoritéiten.

Leschten Update: 12.08.2019, 06:08:18

© AFP

D'Zuel vun den Doudesaffer duerch den Taifun "Lekima" un der ëstlecher Küst vu China ass weider geklommen. Lokalen Autoritéiten no sinn aktuell 28 Mënschen ëm d'Liewe komm. Den Tropestuerm huet dozou gefouert, datt iwwert eng Millioun Mënschen hiert doheem hu misse verloossen.

Schonn um Samschdeg hate chinesesch Medie bekannt gemaach, datt duerch de Stuerm massiv Äerdrëtsch ausgeléist goufen an esou op d'mannst 18 Persounen dobäi ëm d'Liewe komm sinn. Ob déi weider 10 Doudesaffer och duerch den Äerdrutsch ëm d'Liewe komm sinn ass aktuell nach onkloer.

Eng 20 weider Persoune ginn den Autoritéiten no an der Provënz Zhejiang vermësst. De Stuerm "Lekima" hat um Samschdeg Moie meterhéich Wellen ausgeléist an huet mat ronn 187 Stonnekilometer d'Küst erreecht. De Fluch- souwéi Zuchverkéier goufen agestallt a méi wéi 110'000 Mënsche goufe relogéiert.