News"Mir wëllen de Leit hëllefe wou mer kënnen."

Um Samschdeg Owend hunn d'Ministere Bettel a Bofferding weider Informatiounen iwwert déi nächsten Etappen nom Onwieder ginn.

Leschten Update: 12.08.2019, 12:47:12

© Eldoradio

Wéi sech um Samschdeg de Mëtteg de Grand-Duc Henri, de Premier Xavier Bettel, d'Inneministesch Taina Bofferding an den Aarbechtsminister Dan Kersch op de betraffe Plazen zu Péiteng an zu Käerjeng versammelt hate fir sech Gehéier ze verschafen a sech e Bild vun der Situatioun ze maachen, gouf eng Sëtzung vum Regierungsrot um Samschdeg Owend ofgehalen.

600 bis 700 Leit vum CGDIS an aner Instanze wéi Police an Arméi hunn nieft de sëlleche Fräiwëllege gehollef.

Och an de schwéiere Stonnen hunn nieft de Fräiwëllegen och Entreprisen hir Hëllef ugebuede fir an de betraffe Gemenge Péiteng a Käerjeng eng Hand unzepaken.

Privatleit a Betriber kënnen déi néideg Formulairë fir Hëllef unzefroen op den Internetsitte vum Familljeministère, Logementsministère an op guichet.lu consultéieren.

Och de Gemenge gëtt ënnert d'Äerm gegraff. D'Etüden déi musse gemaach ginn, fir ze wëssen op betraffe Gebaier nach bewunnbar sinn, gi vum Staat finanzéiert. De finanziellen Aspekt soll net e Grond fir e Retard sinn

D'Regierung huet hir Positioun kloer gestallt, datt keen am Reen stoe gelooss gëtt, de Staat awer net als Assurance aspréngt.

An der kommender Woch ginn zu Péiteng a Käerjeng Informatiounsversammlungen organiséiert.

19 Leit goufe blesséiert, dovu goufen 2 Persounen hospitaliséiert wouvun eng Persoun an engem méi kriteschen Zoustand ass.

314 Adresse goufe gemellt wou Schued entstanen ass. Bei ronn 90 Haiser ass schwéiere Schued festgestallt ginn a sinn op kuerz Zäit net bewunnbar.

Ronn 1'000 Appeller si beim 112 agaangen. 380 Mol ass déi opgestallten Hotline ugeruff ginn.

Weiderhi besteet d'Hotline ënnert der Nummer 8002 8080 fir Leit déi mussen en Ënnerdaach kréien.

Solidaritéit ënnert de Betraffenen an de Fräiwëllege war e grousse Punkt iwwert dee sech d'Ministere Bofferding a Bettel gefreet hunn an dësen och an der Pressekonferenz gelueft an ënnerstrach hunn.