News4-Järege Bouf gëtt vun Trakter iwwerrannt an uerg blesséiert

E 46 Joer ale Papp hat 2 Kanner bei sech wéi en eng Testfaart mat engem Trakter gemaach huet. Kuerz drop ass eent vun de Kanner ënnert den Trakter gefall.

Leschten Update: 12.08.2019, 10:40:52

© dpa AFP Archiv Hauke-Christian Dittrich

Wéi e Papp mat sengem 4 Joer ale Bouf eng Testfaart mat engem Trakter zu Laupheim a Baden-Württemberg gemaach huet, gouf de Jong schwéier blesséiert. 

De 46 Joer ale Papp hat virum lassfueren de 4 Joer ale Jong an e weidert 7 Joer alt Kand op d'Lued vum Trakter gesat, wéi d'Police um Sonndeg zu Ulm matgedeelt huet.

Wéi de 46 Järege mam Trakter gefuer ass, ass de 4 Järege Bouf erof tëscht déi 4 Pneue gefall. Dobäi gouf de Jong vun engem Pneu iwwerrullt. 

No medezinescher Kontroll op der Plaz gouf de schwéier blesséierte Jong mat engem Rettungshelikopter an e Spidol zu Ulm bruecht.