NewsIwwer 130 Mënsche bei Demonstratiounen a Russland festgeholl

Bei Demonstratiounen a Russland si méi wéi 130 Mënsche festgeholl ginn. Wéi et heescht, gouf fir e fairt Walrecht protestéiert.

Leschten Update: 12.08.2019, 06:08:26

© YURI KADOBNOV / AFP

Bei enger vun de gréissten autoriséierten Demonstratiounen an de leschte Jore sinn um Weekend a Russland méi wéi 200 Mënsche festgeholl ginn, mellt d'Noriichtenagence AFP. 

D'Police vu Moskau huet annoncéiert, méi wéi 130 Persoune festgeholl ze hunn. Zu St. Petersburg sollen et OVD Informatiounen no 80 Festname gewiescht sinn.

D'Organisatioun "NGO The White Counter" huet eng Zuel vu 49'000 Demonstranten zu Moskau uginn, der Police no waren et 20'000. An de leschte Woche ware bei net autoriséierten Demonstratioune bal 2'400 Mënsche festgeholl ginn. D'Autoritéiten ermëttele wéinst "Massenonrouh".

Bei den Demonstratioune geet ëm d'Gemengewale wou d'Bierger fir e fairt Recht op d'Wiele protestéieren. D'USA an d'EU hate Russland fir hiert brutaalt Virgoe géint Aktiviste bei de jéngste Protester kritiséiert.