NewsFra gouf zu Esch uerg verwonnt an ass am Spidol verscheet

Wéi d'Police schreift, ass zu Esch-Uelzecht eng Fra schwéier blesséiert ginn an ass un de Suitte vun de Blessuren am Spidol gestuerwen.

Leschten Update: 12.08.2019, 06:08:29

© Eldoradio

Kuerz virun 18:00 ass et um Samschden an enger Wunneng zu Esch-Uelzecht zu enger schwéierer Kierperverletzung an engem Familljenhaus komm. Policebeamten a Rettungsdéngschter hunn op der Plaz eng schwéier blesséiert Fra am Gank fonnt. 

No éischter Hëllef duerch den Noutdokter ass d'Fra fir weider Traitement an d'Spidol komm. An der Wunneng vun der Fra gouf de presuméierten Täter vun der Police gestallt.

De Parquet huet d'Festnam vum Täter ordonnéiert. Hie gëtt dem Untersuchungsriichter virgefouert. D'Affer ass un de Suitte vun de Blessuren am Laf vun der Nuecht verstuerwen.