NewsSchéisserei a Moschee: Police geet vun Terror aus

Nodeems um Samschden een arméierte Mann an enger Moschee zu Oslo an Norwege festgeholl gouf, geet een elo vun engem terroristeschen Hannergrond aus.

Leschten Update: 12.08.2019, 06:08:34

© TERJE PEDERSEN / NTB SCANPIX / AFP

Den Täter ass ee Mann vun 21 Joer aus Norwegen. 

Hie war um Samschde mat verschiddene Schosswaffen an der Al-Noor-Moschee zu Baerum opgedaucht, wou zu dësem Zäitpunkt nach dräi Persoune gebiet haten. 

Zwee Männer waren direkt an Deckung gaangen, ee Mann vu 70 Joer hat hie festgehalen. Iwwerdeems ware Schëss gefall. Den Täter an ee Visiteur goufe liicht blesséiert. 

D'Police geet elo vun engem terroristeschen Hannergrond aus. Ermëttlungen haten erginn, dass de Mann rietsextrem Usiichte verfollegt. An der Wunneng vum Täter gouf kuerz nom Iwwerfall d'Läich vun enger Fra fonnt. Heibäi soll et sech ëm d'Stéifschwëster vum Mann handelen. 

Verhéiere konnt een den Täter nach net. Hie gëtt medezinesch versuergt, och feelt him bis ewell een Affekot. Den Tëschefall gëtt dowéinst nach net als terroristeschen Ugrëff traitéiert.