NewsVill Tankstellen a Portugal "eidel getankt"

E Méindeg leeën Tank-Camionneuren hir Aarbecht néier. Vill Leit waren d'lescht Woch nach séier tanken. Vill Tankstellen hu kee Sprit méi.

Leschten Update: 12.08.2019, 05:17:09

© Eldoradio

A Portugal kritt ee matzen an der Vakanzenzäit op villen Tankstelle kee Sprit méi. Dat war e Sonndeg ënner anerem zu Lissabon de Fall, mee och op villen anere Plazen.

Vill Automobilisten hate virum Ufank vum onbefriste Streik vun Tank-Camionneuren, deen um Méindeg ufänkt, nach hir Autoe vollgetankt. De Verkaf op den Tankstellen hätt sech an de leschten Deeg bal verduebelt, heescht et vum Regierungschef Costa. Tank-Camionneure fuerdere besser Aarbechtskonditiounen an eng besser Paie.

Déi portugisesch Regierung huet präventiv den "Energienoutstand" ausgeruff a Rationéierungen ugekënnegt. Vun e Méindeg u gi pro Auto nëmmen nach 25 Liter a pro Camion nëmmen nach 100 Liter Sprit verkaf. D'Transport-Entreprise sinn do dernieft verflicht, weider op d'mannst 50 Prozent vum Sprit un d'Tankstellen auszeliwweren. Rettungsautoritéiten, Fluchhäfen an d'Police solle weider zu 100 Prozent beliwwert ginn. Am Abrëll hat ee Streik vun den Tank-Camionneure well fir grousse Chaos a Portugal gesuergt.